Return to Video

Basic Addition

  • 0:01 - 0:05
    Ech wënschen dech wëllkomm bei dëser Presentatioun iwwer d'Additioun.
  • 0:05 - 0:06
    Ech wees wat du denks:
  • 0:06 - 0:08
    "Sal, addéieren ass net esou einfach."
  • 0:08 - 0:09
    Tjo, et deet mer Leed.
  • 0:09 - 0:11
    Ech hoffen...
  • 0:11 - 0:13
    hoffentlech, ass bis zum Schluss vun dëser Virstellung,
  • 0:13 - 0:15
    d'Additioun fir dech einfach. Wéinstens an e puer Wochen.
  • 0:15 - 0:17
    Ma da leeën mer direkt lass,
  • 0:17 - 0:19
    mat e puer Problemer.
  • 0:19 - 0:22
    Ech fänke mol mat engem Klassiker un.
  • 0:22 - 0:26
    Eent plus eent. 1 + 1.
  • 0:26 - 0:28
    Ech mengen du weess scho wéi dat geet,
  • 0:28 - 0:31
    mä ech weisen dir elo eng Art a Weis hei ze rechnen,
  • 0:31 - 0:32
    falls du et nach net auswenneg kanns,
  • 0:32 - 0:34
    oder falls du d'Additioun nach net beherrsche.
  • 0:34 - 0:37
    Huele mer mol un ech hun...
  • 0:37 - 0:39
    ech hun een...
  • 0:39 - 0:41
    soe mer et ass en Avocado.
  • 0:41 - 0:43
    Wann ech een Avocado hun,
  • 0:43 - 0:47
    an du gëss mer nach een Avocado,
  • 0:47 - 0:49
    wéivill Avocadoen hunn ech elo?
  • 0:49 - 0:52
    Ma da kucke mer. Ech hunn een, zwee Avocadoen.
  • 0:52 - 0:55
    Also eent plus eent ass gläich zwee. 1 + 1 = 2.
  • 0:55 - 0:56
    Ech wees elo un wat du denks:
  • 0:56 - 0:58
    "Dat war pippieinfach."
  • 0:58 - 1:00
    Ech ginn dir elo eppes a bëssi méi schwéieres.
  • 1:00 - 1:04
    Mir gefaalen déi Avacadoen. Mir behaalen dat Thema bäi.
  • 1:04 - 1:09
    Wat mecht dräi plus véier. 3 + 4 = ?
  • 1:09 - 1:12
    Hmm. Dat ass elo e bëssi méi schwéier, nee?
  • 1:12 - 1:14
    Also, mat den Avocadoen.
  • 1:14 - 1:16
    A falls de net wees wat en Avocado ass,
  • 1:16 - 1:19
    et ass ee leckert Stéck Uebst.
  • 1:19 - 1:21
    Et ass dat fettegst vun allen Uebsten op der Welt.
  • 1:21 - 1:22
    Du wees villäicht nach net emol dass et en Uebst ass,
  • 1:22 - 1:24
    och wanns de schon eent giess hues.
  • 1:24 - 1:28
    Also, huele mer un ech hunn dräi Avocadoen.
  • 1:28 - 1:32
    Een, zwee, dräi. Richteg? 1, 2, 3.
  • 1:32 - 1:36
    An huele mer weider un du gëss mir nach zousätzlech véier Avocadoen.
  • 1:36 - 1:38
    Ech mole déi véier giel.
  • 1:38 - 1:41
    Du wees daas dat déi sinn déi du mir ginn hues.
  • 1:41 - 1:42
    Een, 1.
  • 1:42 - 1:43
    Zwee, 2.
  • 1:43 - 1:44
    Dräi, 3.
  • 1:44 - 1:46
    Véier, 4.
  • 1:46 - 1:49
    Wéivill Avocadoen hunn ech elo insgesamt?
  • 1:49 - 1:56
    Et sinn een, zwee, dräi, véier, fënnef, sechs, siwen Avocadoen.
  • 1:56 - 1:58
    Also mécht dräi plus véier, siwen.
  • 1:59 - 2:00
    Elo weisen ech dir
  • 2:00 - 2:02
    eng aaner Art a Weis déi heite Rechnung unzegoen.
  • 2:02 - 2:03
    An zwar benotze mer eng Nummerlinn.
  • 2:03 - 2:05
    A méngem Kapp maachen ech dat jiddefalls esou,
  • 2:05 - 2:08
    falls ech vergiessen wéi et geet, oder falls ech et net auswenneg kann.
  • 2:08 - 2:12
    Also, op der Nummerlinn, schreiwen ech all d'Zifferen an der richteger Reiefolleg,
  • 2:12 - 2:14
    an ech ginn esou wäit dass
  • 2:14 - 2:16
    all d'Nummeren déi ech brauch droppassen.
  • 2:16 - 2:17
    Du wees jo dass déi éischt Ziffer eng Null ass, 0.
  • 2:17 - 2:18
    0 ass näischt.
  • 2:18 - 2:20
    Villaïcht wosst de dat nach net, mä da wees de dat elo.
  • 2:20 - 2:21
    An da geet et
  • 2:21 - 2:22
    een, 1
  • 2:22 - 2:24
    zwee, 2
  • 2:24 - 2:25
    dräi, 3
  • 2:26 - 2:28
    véier, 4
  • 2:28 - 2:29
    fënnef, 5
  • 2:29 - 2:30
    sechs, 6
  • 2:30 - 2:32
    siwen, 7
  • 2:32 - 2:33
    aacht, 8
  • 2:33 - 2:35
    néng, 9
  • 2:35 - 2:36
    zéng, 10
  • 2:36 - 2:37
    a sou weider,
  • 2:37 - 2:38
    eelef, 11
  • 2:38 - 2:42
    Also, 3 + 4. Fänke mer bei der 3 un.
  • 2:42 - 2:44
    Hei ass 3.
  • 2:44 - 2:46
    Mir addéieren déi 3 mat 4.
  • 2:46 - 2:48
    Op der Nummerlinn, gi mer 4 an d'Luut,
  • 2:48 - 2:51
    op der Nummerlinn nach 4 no riets.
  • 2:51 - 2:59
    Mir ginn 1, 2, 3, 4.
  • 2:59 - 3:00
    Ass der opgefall, mir si just
  • 3:00 - 3:03
    1, 2, 3, 4 an d'Luut gaang.
  • 3:03 - 3:04
    Sou kënnt een op 7.
  • 3:04 - 3:06
    And dat ass schon eis Äntwert.
  • 3:06 - 3:07
    Maache mer der nach e puer.
  • 3:07 - 3:10
    Soe mer emol,
  • 3:10 - 3:13
    Wéivill ass aacht plus eent?
  • 3:13 - 3:14
    Hmmm. 8 + 1 = ?
  • 3:14 - 3:15
    Wees de et schonn?
  • 3:15 - 3:16
    8 + 1 ass just déi Zuel hannert der aacht.
  • 3:16 - 3:20
    Op der Nummerlinn, fänke mer bei der aacht un,
  • 3:20 - 3:22
    an mir addéieren eent.
  • 3:22 - 3:25
    Aacht plus eent ass gläich néng, 8 + 1 = 9.
  • 3:26 - 3:28
    Komm, nach e puer méi schwéier Beispiller. ; )
  • 3:30 - 3:31
    A just fir dass du et wees,
  • 3:31 - 3:34
    falls dir dat heien e bëssi vill virkënnt,
  • 3:34 - 3:34
    kanns du ëmmer nach Kreeser (Avocadoen) molen,
  • 3:34 - 3:36
    oder soguer eng Nummerlinn benotzen,
  • 3:36 - 3:39
    a wanns de schéi fläisseg bass,
  • 3:39 - 3:41
    da léiers du déi heiten auswenneg
  • 3:41 - 3:42
    an da mëss du déi Rechnungen an manner ewéi enger hallwer Sekonn.
  • 3:42 - 3:45
    Honnert pro. Ech verspriechen der dat. Du muss just üben.
  • 3:45 - 3:47
    Also,
  • 3:47 - 3:48
    ech Molen nach eng Nummerlinn.
  • 3:48 - 3:49
    Ah, ech kann soguer Strecher zéien.
  • 3:49 - 3:51
    Lo brauch ech keng elle Strecher méi ze molen.
  • 3:51 - 3:52
    Lo brauch ech keng elle Strecher méi ze molen.
  • 3:52 - 3:55
    Kuck ee sech dat emol un. Kuck. Super.
  • 3:55 - 3:56
    ...
  • 3:56 - 3:58
    Ah. Kuck ee sech dat un.
  • 3:58 - 4:01
    Ok. Do ass eng schéi Linn.
  • 4:01 - 4:05
    Et deet mer elo scho Leed se herno erem läschen ze mussen.
  • 4:05 - 4:07
    Ech zeechnen hei eng Nummerlinn.
  • 4:07 - 4:08
    Null, 0
  • 4:08 - 4:09
    een, 1
  • 4:09 - 4:10
    zwee, 2
  • 4:10 - 4:11
    dräi, 3
  • 4:11 - 4:12
    véier, 4
  • 4:12 - 4:14
    fënnef, 5
  • 4:14 - 4:15
    sechs, 6
  • 4:15 - 4:17
    siwen, 7
  • 4:17 - 4:18
    aacht, 8
  • 4:18 - 4:19
    néng, 9
  • 4:19 - 4:21
    zéng, 10
  • 4:21 - 4:22
    eelef, 11
  • 4:22 - 4:24
    zwielef, 12
  • 4:24 - 4:25
    dräizéng,13
  • 4:25 - 4:26
    véierzéng, 14
  • 4:26 - 4:29
    fofzéng, 15
  • 4:29 - 4:31
    Komm mer maachen e schwéiert Beispill.
  • 4:31 - 4:33
    Wat ass...
  • 4:33 - 4:35
    Ech huele des Kéier aaner Faarwen.
  • 4:35 - 4:39
    Fënnef plus sechs, 5 + 6.
  • 4:39 - 4:41
    Wanns de wëlls, kanns du de Video op Paus stellen and des Rechnung probéieren.
  • 4:41 - 4:42
    Villäicht wees du d'Äntwert schonn.
  • 4:42 - 4:45
    Ech zoen dat heien ass e schwéiert Beispill
  • 4:45 - 4:47
    well d'Äntwert méi héisch ass ewéi
  • 4:47 - 4:49
    d'Zuel vun de Fangeren op dengen zwee Hänn.
  • 4:49 - 4:51
    D'Fangere zielen hëlleft hei also net vill.
  • 4:51 - 4:54
    Da lee emol lass.
  • 4:54 - 4:55
    Hmm, mäin Telefon rabbelt
  • 4:55 - 4:57
    mä ech ignoréieren mäin Telefon elo,
  • 4:57 - 4:58
    well du mir méi wichteg bass.
  • 4:58 - 5:01
    Ok. Fänke mer bei der fënnef un, 5.
  • 5:01 - 5:04
    Bei der fënnef geet et lass.
  • 5:04 - 5:06
    A mir addéieren sechs, 6. Mir zielen sechs dobäi.
  • 5:06 - 5:08
    Een, 1.
  • 5:08 - 5:09
    Zwee, 2.
  • 5:09 - 5:10
    Dräi, 3.
  • 5:10 - 5:11
    Véier, 4.
  • 5:11 - 5:12
    Fënnef, 5.
  • 5:12 - 5:14
    Sechs, 6.
  • 5:14 - 5:17
    Eelef, 11! Mir si bei eelef ukomm.
  • 5:17 - 5:19
    Also mécht fënnef plus sechs, eelef. 5 + 6 = 11.
  • 5:19 - 5:21
    Ech froen dech elo.
  • 5:21 - 5:24
    Wat mécht sechs plus fënnef? 6 + 5 =?
  • 5:24 - 5:26
    Huh...
  • 5:26 - 5:29
    Dat gesi mer elo, ok?
  • 5:29 - 5:30
    Kënne mer d'Zifferen ëmtauschen
  • 5:30 - 5:31
    an déi selwecht Äntwert kréien?
  • 5:31 - 5:32
    Probéiere mer.
  • 5:32 - 5:34
    Ech heulen nach eng aaner Faarf,
  • 5:34 - 5:35
    dass mer ja net duercherneen kommen.
  • 5:35 - 5:36
    Bei der sechs geet et un. Jo?
  • 5:36 - 5:40
    Ignoréier dat Gielt vir elo an addéier mat fënnef.
  • 5:40 - 5:45
    1, 2, 3, 4, 5.
  • 5:45 - 5:47
    Genau ewéi virdrun.
  • 5:47 - 5:49
    Dat kanns de roueg op nach
  • 5:49 - 5:49
    e puer Beispiller ausprobéieren.
  • 5:49 - 5:51
    Et klappt ëmmer,
  • 5:51 - 5:53
    egal a wat fir enger Reiefolleg.
  • 5:53 - 5:56
    "5 + 6" ass d'selwecht ewéi "6 + 5".
  • 5:56 - 5:57
    Ergëtt jo och Sënn, nee?
  • 5:57 - 5:59
    Ech hu 5 Avocadoen and du gëss mer nach 6,
  • 5:59 - 6:00
    dann hunn ech der 11.
  • 6:00 - 6:02
    Wann ech 6 Avcadoen hunn, an du gëss mer der nach 5,
  • 6:02 - 6:04
    hunn ech der och 11. Sou oder sou.
  • 6:04 - 6:06
    Komm mir maachen e puer,
  • 6:06 - 6:07
    well déi Nummerlinn esou schéin ass,
  • 6:07 - 6:08
    maache mer nach e puer Beispiller domatter.
  • 6:08 - 6:09
    Obwuel,
  • 6:09 - 6:11
    et ass méiglech dass et dech irféiert,
  • 6:11 - 6:13
    well ech sou vill drop kritzelen.
  • 6:13 - 6:16
    Kucke mer emol. Ech huelen des Kéier wäiss.
  • 6:16 - 6:23
    Wéivill mécht aacht plus siwen? 8 + 7 = ?
  • 6:23 - 6:27
    Wanns de d'Linn nach liesen kanns, hei ass d'aacht, 8.
  • 6:27 - 6:29
    Richteg? Mir addéieren siwen, 7.
  • 6:29 - 6:37
    1, 2, 3, 4, 5, 6, 7.
  • 6:37 - 6:39
    Mir sinn op fofzéng, 15.
  • 6:39 - 6:42
    Aacht plus siwen mécht fofzéng, 8 + 7 = 15.
  • 6:42 - 6:45
    Hoffentlech hues de elo e Sense fir
  • 6:45 - 6:46
    wéi een déi heiten Rechnungen ugeet.
  • 6:46 - 6:49
    An...
  • 6:49 - 6:51
    du waerts och d'Multiplication léieren...
  • 6:51 - 6:54
    Déi heiten Rechnungen sinn,
  • 6:54 - 6:55
    besonnesch wanns de mat der Mathé eréischt ufänks,
  • 6:55 - 6:57
    déi Zort Rechnungen déi am meeschten müsse geübt ginn.
  • 6:57 - 6:59
    Du muss se soguer auswenneg léieren.
  • 6:59 - 7:02
    Wees de, am Réckbléck, wanns de zeréck kucks,
  • 7:02 - 7:04
    wëll ech dass du dech drun erënners
  • 7:04 - 7:06
    wéi du dech fills wanns du dëse video ukucks.
  • 7:06 - 7:10
    An dann hätt ech och gär, dass de der de video an, soe mer, dräi Joer nach eng Kéier ukucks.
  • 7:10 - 7:12
    An dann, erënner dech wéi du dech elo haut gespuert hues,
  • 7:12 - 7:14
    an dann sees de "O freck! Dat war jo sou eppes vun einfach."
  • 7:14 - 7:16
    Esou schnell léiers de dat heiten.
  • 7:16 - 7:20
    Jiddenfalls, du hues elo eng Idee...
  • 7:20 - 7:21
    Wanns de d'Äntwert zu iergendenger vun den additionelle Rechebeispiller déi mir hei offréieren net wees,
  • 7:21 - 7:23
    Wanns de d'Äntwert zu iergendenger vun den additionelle Rechebeispiller déi mir hei offréieren net wees,
  • 7:23 - 7:24
    Wanns de d'Äntwert zu iergendenger vun den additionelle Rechebeispiller déi mir hei offréieren net wees,
  • 7:24 - 7:26
    kanns de "Hints" klicken. Dat molt der dann Kreeser.
  • 7:26 - 7:29
    Du Brauchs dann just nach d'Kreeser ze zielen.
  • 7:29 - 7:30
    Oder du kanns et och aléng maachen.
  • 7:30 - 7:31
    Fir déi richteg Äntwert ze fannen,
  • 7:31 - 7:33
    kanns de Kreeser zeechnen,
  • 7:33 - 7:34
    oder soguer eng Nummerlinn,
  • 7:34 - 7:37
    wéi mir dat hei presentéiert hunn.
  • 7:37 - 7:40
    Ech méngen du bass elo prett fir déi nächste Rechnungen unzegoen.
  • 7:41 - 7:42
    Vill Spaass!
Title:
Basic Addition
Description:

more » « less
Video Language:
English
Duration:
07:42
Retired user edited Luxembourgish subtitles for Basic Addition
Amara Bot edited Luxembourgish subtitles for Basic Addition
Retired user edited Luxembourgish subtitles for Basic Addition
Retired user edited Luxembourgish subtitles for Basic Addition
Retired user added a translation

Luxembourgish subtitles

Revisions